All Hëllef zielt
Mat ärer Spend kënne mir weiderhin eis Déieren zu Dej a Rumänien mat Medikamenter a Fudder versuergen. Och noutwenneg Veterinärsrechnungen an Operatioune fir eis krank Déieren esou wéi Sterilisatiounscompagnen gi mat deene Suen erméiglecht.
De wuel gréisste Projet deen nach usteet, ass de Bau vum neie Shelter, dee just mat äerer Hëllef méiglech ass. Dësen Häerzensprojet géing eisen Déieren méi Plaz an e Liewen a bessere Conditioune bidden.
Eis Aarbecht beschränkt sech awer net nëmmen op Rumänien, mee och hei zu Lëtzebuerg si mir nach ëmmer fir eis Déieren an hier Adoptanten do an ënnerstëtze se mat all eise Moyenen wa gebraucht (z.B. Hondstrainer, Vétérinärskäschten bei de Fleegefamillen).
Deementspriechend erméiglecht eis Är Ënnerstëtzung, do ze hëllefen, wou mir gebraucht ginn a Grousses ze erreechen. Är Spend ass dohier äusserst wäertvoll!
Dir kënnt en allgemengen Don mam Vermierk „Don" maachen.
Villmools MERCI fir Är Hëllef!!!
Dir kënnt eng Patenschaft fir ee vun eisen Déieren iwwerhuelen andeem Dir eng Zomm vun 20 €/Mount (oder méi, ganz wéi Dir wëllt) mam Vermierk „Patenschaft + Numm vum Déier" iwwerweist.
Dat geet entweder per Iwwerweisung mat der Mentioun „Patenschaft + Numm vum Déier" op eise Konto LU81 0019 5355 3577 0000 oder per Payconiq op de 621 277 910.
Hannerloosst eis w.e.g. Är E-Mail-Adress esou dass mir Iech de Certificat per Mail kënnen zoukomme loossen a sot eis Bescheed ob mir en däerfen op Facebook publizéieren oder net.
Villmools Merci!