D'Zora ass e wonnerschéint klengt Kazemeedche vu ronn 3 Méint mat engem riseg groussen Häerz. Hatt ass léif, ganz douce a spilleresch. Soubal hatt e bësse Léift an Opmierksamkeet kritt, fänkt hatt un ze schnurren an hält bal net méi op. Egal ob hatt mat senge Spillsaache spillt oder sech fir eng Kuschelronn bei engem akuschelt – hatt bréngt iwwerall Freed mat sech.
Eng vun senge schéinsten Eegenschaften ass, datt hatt sech immens gutt mat aneren Déiere versteet. Ob Hënn oder Kazen, grouss oder kleng – d'Zora ass frëndlech a passt sech ganz einfach un. Hatt ass domat eng ideal Begleederin fir eng Famill, déi schonn Déieren huet, awer och fir eng Famill, déi hiert éischt Hausdéier sicht.
Wann Dir Iech op vill Schnurren, spilleresch Momenter a Kuschelronne freet, da waart d'Zora op Iech. 💛
Fëllt de Formular aus a mir mellen eis esou séier wéi méiglech