Aktuell

Wat gëtt et Neies bei Street Souls

🎄Adventskränz 2026🎄

🎄Adventskränz 2026🎄
🎄Adventskränz 2026🎄
🎄Adventskränz 2026🎄
🎄Adventskränz 2026🎄
🎄Adventskränz 2026🎄
🎄Adventskränz 2026🎄
🎄Adventskränz 2026🎄
🎄Adventskränz 2026🎄
Eis Kränz si fäerdeg a kënnen elo online reservéiert ginn.

‼️ Wéi eng Kränz nach disponibel sinn, kënnt dir op eisem Facebook-Post nokucken. D'Lëscht gëtt reegelméisseg aktualiséiert.
Net all d'Kränz, déi nach disponibel sinn, sinn hei op de Fotoen ze gesinn.

D'Kränz hunn en Duerchmiesser vu gutt 40 cm a gi fir 75 € d'Stéck verkaaft.
Ofhuele kënnt dir ären Adventskranz zu Reckeng/Mess oder zu Biergem.
Maacht eis e Message iwwer Messenger mat der Nummer vum Kranz, deen dir kafe wëllt, a wou dir en ofhuele wëllt!

‼️ W.e.g. NET ënnert dem Facebook-Post kommentéieren!!!

De ganzen Erléis geet natierlech INTEGRAL un eis Fellnuesen a Rumänien. ❤️
Bezuele kënnt dir iwwer Payconiq (621277910 – Nathalie Oberlinkels) oder per Iwwerweisung op eise Kont LU81 0019 5355 3577 0000.
W.e.g. d'Nummer vum Kranz bei der Iwwerweisung uginn!

Chrëschtbazar zu Gonschten vun eise Muppen a Rumänien

Chrëschtbazar zu Gonschten vun eise Muppen a Rumänien
Dëse Sonndeg vun 14.00-18.00!!

Eise Chrëschtbazar zu Gonschten vun eise Muppen a Rumänien🥰

Adress vum Dag:
82, rue Jean-Pierre Hilger
4980 Reckange-sur-Mess

Mir freeën eis iech all erem ze gesinn.
🐕 si natierlech wëllkomm☺️

Transport 21.11.2026

Welcome Home 🏡

Susi
Lora
Lola
MoJo

‼️ Un all eis Adoptanten! ‼️

‼️ Un all eis Adoptanten! ‼️
Notéiert Iech d'Datumer vun eisen nächsten gemeinsamen Trëppeltier! 🐶🐾

Umeldung wéi ëmmer iwwer PN.

Street Souls Kalenner 2027

Street Souls Kalenner 2027
Eise Kalenner 2027 am A4-Format kann ab elo virbestallt ginn. D’Unzuel ass limitéiert!

Präis: 25 € pro Kalenner
Versand: 3 €
Ofhuelen: Siebenaler, Rolleng, Bergem oder Reckeng/Mess

Fir ze bestellen, schéckt eis eng privat Noriicht mat der gewënschter Unzuel an der Info, ob Dir de Kalenner ofhuele wëllt oder e Versand wënscht.

Bezuelung:
Wero: 621 277 910
Iwwerweisung: LU81 0019 5355 3577 0000
Vermierk: „Kalenner 2027“

Den Erléis kënnt zu 100 % eisen Hënn a Kazen am Shelter a Rumänien zegutt.

Villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung! ❤️

Transport 31.10.2026

Welcome Home 🏡

Emmi
Emilia
Cherry
Kitty
Ergee
Lassy
Zambi

Taco
Yuki
Latte

3. Dag am Shelter – de leschten Dag 🐾

3. Dag am Shelter – de leschten Dag 🐾
3. Dag am Shelter – de leschten Dag 🐾
3. Dag am Shelter – de leschten Dag 🐾
3. Dag am Shelter – de leschten Dag 🐾
3. Dag am Shelter – de leschten Dag 🐾
3. Dag am Shelter – de leschten Dag 🐾
3. Dag am Shelter – de leschten Dag 🐾
3. Dag am Shelter – de leschten Dag 🐾
3. Dag am Shelter – de leschten Dag 🐾
3. Dag am Shelter – de leschten Dag 🐾
3. Dag am Shelter – de leschten Dag 🐾
3. Dag am Shelter – de leschten Dag 🐾
3. Dag am Shelter – de leschten Dag 🐾
3. Dag am Shelter – de leschten Dag 🐾
Och den drëtten a leschten Dag am Shelter war gutt gefëllt.

Moies huet eng vun den Kazen missten medezinesch versuergt ginn.
Duerno stoungen nees d’Hënn am Mëttelpunkt. Insgesamt goufen 15 Hënn aus hire Boxen erausgeholl, fir Fotoen a Videoe vun hinnen ze maachen. Dës hëllefen, d’Hënn besser virzestellen an hir Chancen op en neit Doheem ze erhéijen.
Ausserdeem ass bei zwee Hënn gekuckt ginn, wéi si op Kaze reagéieren, an een aneren Hond ass un der Léngt getest. Esou konnte weider wichteg Informatiounen iwwer d’Verhalen an d’Besoine vun den Hënn gesammelt ginn.

Owes gouf nach eng Fleegeplaz besicht, fir sech den Ozzy unzekucken.
Domat sinn dräi intensiv Deeg zu Enn gaangen, an deenen déi zwee Street Souls-Memberen eng ganz Rei Hënn a Kazen besser kenneléieren a vill wäertvoll Informatioune fir déi weider Adoptiounsaarbecht sammele konnten.

E grousse Merci un all déi Leit, déi sech all Dag ëm d’Déieren am Shelter këmmeren! ❤️

2. Dag am Shelter zu Dej 🐶🐱❤️

2. Dag am Shelter zu Dej 🐶🐱❤️
2. Dag am Shelter zu Dej 🐶🐱❤️
2. Dag am Shelter zu Dej 🐶🐱❤️
2. Dag am Shelter zu Dej 🐶🐱❤️
2. Dag am Shelter zu Dej 🐶🐱❤️
2. Dag am Shelter zu Dej 🐶🐱❤️
2. Dag am Shelter zu Dej 🐶🐱❤️
2. Dag am Shelter zu Dej 🐶🐱❤️
2. Dag am Shelter zu Dej 🐶🐱❤️
2. Dag am Shelter zu Dej 🐶🐱❤️
2. Dag am Shelter zu Dej 🐶🐱❤️
2. Dag am Shelter zu Dej 🐶🐱❤️
2. Dag am Shelter zu Dej 🐶🐱❤️
Och um zweeten Dag vum Besuch zu Dej war nees vill lass!

Nieft e puer kreativen Aktivitéite stoungen dës Kéier virun allem déi nei Kazen am Mëttelpunkt, déi viru Kuerzem am Shelter ukomm sinn.

Leider huet d'Wieder net esou richteg matgespillt. Et war kal a naass, mee dat huet d'Ekipp net dovun ofgehalen, nach e puer Hënn besser kennenzeléieren an se virzestellen. Vill vun hinne waarden nach ëmmer op e léift Doheem. 🏡❤️

Haut steet dann och schonn de leschten Dag vum Besuch um Programm, mat sécher nach ville flotten a beweegende Momenter.

Kuckt reegelméisseg op eiser Facebook-Säit laanscht! Do fannt Dir Fotoen a Videoe vum Besuch a léiert och d'Hënn an d'Kaze kennen, déi nach op hir Chance waarden. 🐾

Street Souls op Besuch am Shelter zu Dej 🐾❤️

Street Souls op Besuch am Shelter zu Dej 🐾❤️
Street Souls op Besuch am Shelter zu Dej 🐾❤️
Street Souls op Besuch am Shelter zu Dej 🐾❤️
Street Souls op Besuch am Shelter zu Dej 🐾❤️
Street Souls op Besuch am Shelter zu Dej 🐾❤️
Street Souls op Besuch am Shelter zu Dej 🐾❤️
Street Souls op Besuch am Shelter zu Dej 🐾❤️
Street Souls op Besuch am Shelter zu Dej 🐾❤️
Street Souls op Besuch am Shelter zu Dej 🐾❤️
Street Souls op Besuch am Shelter zu Dej 🐾❤️
Street Souls op Besuch am Shelter zu Dej 🐾❤️
Street Souls op Besuch am Shelter zu Dej 🐾❤️
Street Souls op Besuch am Shelter zu Dej 🐾❤️
Street Souls op Besuch am Shelter zu Dej 🐾❤️
Street Souls op Besuch am Shelter zu Dej 🐾❤️
Street Souls op Besuch am Shelter zu Dej 🐾❤️
Am Moment sinn zwee Membere vu Street Souls zu Dej a Rumänien, fir d'Hënn an d'Kazen am Shelter ze besichen, déi nei Déiere kennenzeléieren an sech e Bild vun der Situatioun op der Plaz ze maachen.

Den éischten Dag war direkt gutt gefëllt: 15 Hënn konnten aus hire Boxen erausgeholl ginn, fir e bëssen Zäit mat hinnen ze verbréngen, si besser kennenzeléieren an nei Fotoen a Videoe vun hinnen ze maachen.
Fir e puer vun den Hënn war et souguer déi alleréischte Kéier, datt si aus hirer Box erauskoumen. Dat waren natierlech ganz besonnesch an och emotional Momenter. ❤️

An den nächsten Deeg steet nach villes um Programm. Et ginn nach weider Hënn besicht an och déi nei Kazen am Shelter gi virgestallt.
Kuckt reegelméisseg op eiser Facebook-Säit laanscht, fir näischt vum Besuch am Shelter ze verpassen. 🐾

DRÉNGEND !!! HOND VERMËSST !!!

DRÉNGEND !!! HOND VERMËSST !!!
Zënter dem 23.10. vermësst. Ganz ängschtlechen Hond. W.e.g. net hannendru lafen, net ruffen an net probéieren en anzefänken. Wann Dir e gesitt, kontaktéiert just déi uginn Telefonsnummer fir d'Sichtung ze mellen

Transportdatumer iwwer Chrëschtdag an Neijoerschdag 2026/2027

Transportdatumer iwwer Chrëschtdag an Neijoerschdag 2026/2027

Transport 17.10.2026

Welcome Home 🏡

Milan (Nox)
Baron (Barny)