Street Souls asbl

Menu
letzeboieg english francais deutsch

Mir ginn Identitéiten

Iwwert Eis

STREET SOULS ass den 23. Oktober 2018 gegrënnt ginn. Mir schaffe op fräiwëlleger Basis mat ANIMA PRO TERRA zesummen, dei en Déierenasyl zu Dej(Rumänien) hunn. Mir versichen den Déieren aus deem Asyl en schéint Doheem hei zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun ze fannen.

Eis Aufgaben sinn d'Déieren ze vermëttelen an esou vill Leit wéi méiglech op dëst Thema opmierksam ze machen. STREET SOULS ass en Team vu 4 Leit: d'Nathalie, d'Isabelle, d'Gwendy an den Dirk déi dës Aufgab mat Häerzblutt iwwerholl hunn.

Dëst ass eis Equipe

gegrënnt vu gutthäerzegen Fräiwëllegen

Hallo, ech sinn d'Nath

Presidentin

Ech si 44 Joer al an hunn 2 Bouwen. Ier ech Mamm gi sinn, hunn ech mäi Liewen den Hënn gewidmet, dofir hunn ech Hondspsychologie studeiert an e puer Joer als Hondstrainerin geschafft. Säit annerhallwem Joer hëllefen ech menge Frënn vun ASOCIATIA ANIMA PRO TERRA a Rumänien, well ech dee grousse Misär vun de Stroossenhënn an hirem Land erkannt hunn an aus genau dësem Grond hunn ech zesumme mat menge Frënn eis asbl STREET SOULS gegrënnt.

Hallo, mäin Numm ass Isa

Vize-Presidentin

Ech sinn 41 Joer al a Mamm vun 2 Meedercher. Ech hunn mäin Hond aus dem Déierenasyl vun Dej adoptéiert. De Rico (virdrun David) huet säi ganzt Liewen (7 Joer) am Déierenasyl verbruecht, dofir hunn ech mech entscheet him en neit Doheem ze ginn. Dat war eng vun de beschten Entscheedungen a mengem Liewen. Ech hëllefen dem rumäneschen Team säit engem Joer a freeë mech elo eisen eegene Veräin STREET SOULS ze hunn. Zesumme kënne mir vill erreechen an eist Zil ass et, esou vill Familljen wéi méiglech fir eis Stroossenhënn ze fannen.

Hallo, mäin Numm ass Gwendy

Tresorière

Ech sinn 30 Joer al a Mamm vun engem klenge Meedchen. Ech hat schonn als Kand Hënn. Ech sinn Tresorière bei STREET SOULS a freeë mech d‘ASOCIATIA ANIMA PRO TERRA Team a Rumänien z'ënnerstëtzen. Hënn an Nout ze hëllefen ass eng vu mengen Prioritéiten.

Hallo, ech sinn den Dirk

Aktive Member

Bis zum Alter vun 22 Joer hat ech weider näicht mat Hënn ze dinn, awer elo mat 37 kann ech mir e Liewen ouni Hond net méi virstellen. Meng no Famill huet vill Hënn, zwee aus enger rumänescher Doudesstatioun, ee vun ASOCIATIA ANIMA PRO TERRA, ee Stroossenhond aus Spuenien, ee aus Lëtzebuerg an zwee Rassenhënn Si passen alleguer super zesummen an et ass eis eng Freed eis ëm si ze këmmeren. Wéi ech gesinn hunn, wéi en doudonglécklechen Hond sech an e frouen an treien Begleeder verwandele kann, hunn ech beschloss esou vill wéi méiglech ze hëllefen.

ouni si wier dat hei net méiglech

ANIMA PRO TERRA

D'Associatioun ANIMA PRO TERRA a Rumänien ass eng Asbl déi 2009 gegrënnt ginn ass. Si hunn sech op Déierefleeg a -rettung spezialiséiert a machen dëst op fräiwëlleger Basis.

Zu hiren Haaptaktivitéiten gehéiert d'Iwwerwaachen a Verbessere vun de Liewenskonditiounen vun den Déieren an den ëffentlechen Déierenasyler, d'Fiddere vun deenen 200 Hënn, déi ëmmer am Asyl sinn, medezinesch Versuergung, d'Promotioun vun Adoptiounen an d'Ënnerstëtzung an d'Opklärung vun de Leit, fir en onkontrolléierten Zouwuess vun den Déieren ze verhënneren.

Hei ass en Iwwerbléck vun hire Leeschtungen:

  • iwwert 5000 Hënn a Katzen kastréiert
  • iwwert 400 Hënn a Katzen zur Adoptioun ginn
  • deeglech Fleeg vun iwwer 200 Hënn

Enerstetzt eis w.e.g

Hei kënn Dir en Don iwwer e normale Transfer maachen. Mir sinn Iech fir all Ënnerstëtzung dankbar.

Well mir op fräiwëlleger Basis schaffen, ginn des Suen nëmmen benotzt fir de Shelter a Rumänien ze verbesseren a fir eis Organisatioun mat de noutwendege Ressourcen ze versuegen fir méi Déieren vermëttelen ze kënen.

Empfänger: Streetsouls asbl
IBAN: LU81 0019 5355 3577 0000
BIC: BCEELULL