Street Souls asbl

Menu
letzeboieg english francais deutsch

ENG ÉQUIPE MAT ENGEM HÄERZ FIR DÉIEREN

Street Souls

DIR SIDD OP DER SICH NO ENGEM TREIE BEGLEEDER?

Net kaafen. Adopteieren!

Een Akt vun Generositéit ka vill Liewe retten. Mir siche fir Stroossendéiere léif a virsuerglech Familljen. Léiert eis Déiere kennen a fannt méi iwwert hir wonnerbar Perséinlechkeet eraus. Hëlleft eis Liewe retten! Adoptéiert e Stroossendéier, gitt Benevole, huelt en Déier a Fleeg oder maacht een Don.

EUTHANASIE VERMEIDEN

Déiere retten

All Joer gi Millioune vun Hënn a Kazen, déi zur Adoptioun stinn, ageschléifert, nëmmen well ze vill Hausdéieren am Asyl landen an net genuch Leit op der Sich no engem Hausdéier un Adoptioun denken.

Eis ass et wichteg op dëst Thema opmierksam ze maachen, well wann méi Leit en Hausdéier géifen adoptéieren, amplaz eent vun engem Ziichter ze kafen, kéint d’Zuel vun den ageschléiferten Déieren drastesch reduzéiert ginn.

Wann Dir adoptéiert, rett Dir Déieren, andeems Dir dem engem en Doheem gitt an doduerch eng Plaz, déi dringend gebraucht gëtt, fir en anert fräi gëtt.

WELPEFABRIKEN VERMEIDEN

Déi falsch Seit net ënerstëtzen

Wann Dir en Hond an engem Buttek, vum Online-Verkeefer oder Floumaart kaaft, kritt Dir zimlech sécher en Hond aus enger Welpefabrik. Welpefabrike sinn Ziichtereien, déi de finanzielle Profit iwwert d'Wuelbefanne vun den Hënn stellt. D'Zil vun dëse Welpefabriken ass et, sou vill Hënn wéi méiglech zu sou bëllege Präisser wéi méiglech ze verkafen.

Déieren aus Welpefabriken ginn ouni adequat medezinesch Versuergung ënner schockéierend schlechte Bedingungen ënnerbruecht. Si gi mësshandelt a bei der Haltung mangelt et un Hygiène an Fleeg.

D‘Mamme vun dëse Welpen, mat deenen ëmmer erëm geziicht gëtt, ginn iwwer Joren a klenge Käfeger gehalen, ouni Léift a mat wéineg Hoffnung jeemools an en Doheem ze kommen. A wann se net méi rentabel sinn, ginn dës Hënn einfach entsuergt – andeem se dout gemaach, verlooss oder versteet ginn.

D'Welpe gi meeschtens vill ze fréi vun hirer Mamm getrennt, gi medezinesch schlecht versuergt, net sozialiséiert an oft gëtt dee recommandéierten Impfplang net agehalen. D'Déieren sinn doduerch oft krank a verhalensopfälleg.

Duerch d'Adoptioun vun obdachlosen Hënn decidéiert Dir Iech bewosst dozou, d'Geschäft vun de Welpefabriken net z'ënnerstetzen.

IWWERZIICHTUNG VERMEIDEN

E Baaschtert ass méi gesond

An deene leschten 100 Joer si verschidden Hondsrassen därmoossen iwwerziicht ginn, dat si extrem gesondheetlech Problemer hunn. Vill vun deene markanten, rassentypesche „Schéinheetsmierkmoler“, wéi zum Beispill den schréien Réck vum Schéiferhond, sinn d‘Resultat vu jorelaanger Iwwerziichtung. Och dat vermeintlecht séisst Geräisch vu verschiddene Rassen wéi d‘no Loft schnape vum Mops sinn d‘Resultat vun dësen Praktiken.

Baaschterten sinn awer, well si d‘Resultat vum Zoufall sinn, meeschtens vill manner ufälleg fir Ierwkrankheeten wéi en duerchschnëttleche Rassenhond. Ausserdeem hu Baaschterten eng vill méi héich Liewenserwaardung, sou dat Dir d'Zäit mat Äerem Hond vill méi laang genéisse kënnt.